Assemblée Générale 18.I.2022
via Livestream
19:15
UPDATE (no 20h00) :
All d'Voten déi mir kruuten hu sech positiv fir all d'Kandidaten déi zu Wiel stoungen ausgeschwat.
An enger 1. Comitessëtzung mat der neier Besetzung, wäerte mir d'Chargen verdeelen an se dann hei op eisem Internetsite veröffentlechen, esou wéi och op eiser Facebook-Säit.
MERCI u all Member deen haut den Owend dobäi war a mat ofgestëmmt huet.
D'Generalversammlung ass dëst Joer via Livestream wéinst den aktuellen Covid-19 Mesuren.
Laut eise Statuten muss no 5 Joer de Comité nei gewielt ginn. Berechtegt fir ze wielen ass all Member, deen fir 2021 seng Memberskaart bezuelt huet.
Hei d'Kandidaten déi eng Kandidatur rageschéckt hunn a gewielt kënne ginn:
Marie-Josée KERSCHEN
membre fondateur et depuis présidente du comité, habitant à Vianden, artiste
Heimat stellen ech och meng Kandidatur fir den neien Comité, als Grënnungsmember a Präsidentin, freischaffend Kënschtlerin zu Veianen zanter 40 Joer, Organisatrice vun villen MultiArtPerformances an Events, géng ech nawell gären dobei bleiwen, a meng Erfahrung am kulturelle Bereich weiderhin ViArt zur Verfügung stellen, och mat bal 70 Joer ;-)
Ania POLFER
membre fondateur et depuis secrétaire du comité, habitant à Vianden, artiste
Mäi Numm ass Ania Polfer, ech sinn diploméiert Kënschtlerin a Konschttherapeutin.
Als Grënnungsmember vum KonschTour a vun ViArt sinn ech vun Ufank un aktiv mat dobäi.
Säit 2007 wunnen ech mat mengem Mann zu Veianen.
Vun 2006 bis 2013 hat ech mam Corinne Goetz zesummen de Konschtatelier PoGo an der Grand-Rue.
Säit 2014 hunn ech mäin Atelier bei mir doheem, mee well deen ondicht ass, hunn ech temporär och nach e klengen Atelier vun der aapl.lu um Verluerekascht.
Ënnert anerem hunn ech d'Internetsiten vun ViArt opgebaut an halen se à jour.
Ech géif mech freeën wann ech och déi nächst Joren kéint aktiv am Comité vun ViArt matschaffen.
Maciej KARCZEWSKI
membre depuis 2016, trésorier du comité, habitant à Luxembourg, patron du lieu culturel "Ancien Cinéma" à Vianden
Ech sinn Kandidat fir de Posten vum Tresorier weiderzeféieren
Zahrée VEERMANN
membre depuis 2016, administrateur du comité (avec interruptions), habitant à Vianden, artiste
Heimat stellen ech meng Kandiatur fir Member an deem neie Comité ze ginn. Zesummen mam Christiane Schmalen bedreiwen ech den "Atelier säitlech verstoppt" zu Veianen.
Rol BACKENDORF
membre depuis 2018 et depuis administrateur du comité, habitant à Vianden, artiste
Hallo, wéillt och nach dobei sin, souwéit ett mir erlaabt werd sin...
Raymond GAASCH
membre depuis 2017 et depuis 2020 administrateur du comité, habitant à Medingen avec 2e résidence à Vianden, retraité
Mäi Numm ass Raymond Gaasch an ech stellen heimat meng Kandidatur fir an den neien Comité ze kommen.
Konscht huet mech schonn ëmmer interesséiert a faszinéiert.
Nodeems onse Jong Dan als selbstännegen Konservator an Restaurator von Gemälden an polychromen Skulpturen schafft
a lieft an selwer och molt, sinn ech nach méi mat Konscht a Beréierung komm.
No 19 Joer un der Spëtzt vun engem Veräin wees echt wat et heescht sech an engem Veräin/enger Organisatioun ze engagéieren.
Duerfir well ech am Comité matschaffen fir déi vill interessant Aktivitéiten vun ViArt ze ënnerstëtzen.
Christiane SCHMALEN
membre depuis 2020, habitant à Vianden, artiste
Heimat stellen ech meng Kandiatur fir Member am Comité ze ginn. Zesummen mam Zahrée Veerman bedreiwen ech den "Atelier säitlech verstoppt" zu Veianen.
Kim HEART
membre depuis 2021, habitant à Vianden, artiste et manageur culturel
Mat Wuerzelen am Kulturmanagement schaffen ech, no enger Zéit zu Berlin, säit 2019 zu Lëtzebuerg an hunn mech 2021 an d'Kënschtlerstiedchen Veianen als Wahlheemecht verléift. Hei wunnen an schaffen ech als Kënschtlerin an entwéckelen als fräischaffenden Creative Director Konzepter fir d'Beräicher Art/Entertainment an Commerce. Gearen well ech mech bei ViArt engagéieren fir d'Konscht an d'Kultur déi Veianen ausmëscht duerch déi lokal Events ze ënnerstetzen. Dofir stellen ech meng Kandidatur fir am néien Comité 2022 matzewierken.